Aktualisieren Sie Ihre Cookie-Einstellungen .
Klicken Sie 'Alle zulassen' oder aktivieren Sie die 'Targeting-Cookies'
Indem Sie weiterfahren, akzeptieren Sie die Datenschutzrichtlinien von Avaaz. Diese erläutern, wie Ihre Daten gesichert und genutzt werden können.
Verstanden
Hëlleft eis zwee couragéiert Mënschen z’ënnerstëtzen!

Hëlleft eis zwee couragéiert Mënschen z’ënnerstëtzen!

1 haben unterzeichnet. Erreichen wir
50 Unterschriften

Schließen Sie Ihre Unterschrift ab

,
Avaaz.org schützt Ihre persönlichen Daten und wird Sie über diese und ähnliche Kampagnen auf dem Laufenden halten.
Diese Petition wurde von Sandra L. erstellt und repräsentiert nicht unbedingt die Ansichten der Avaaz-Gemeinschaft.
Sandra L.
hat diese Petition erstellt, an folgende Zielperson/Zielgruppe:
Claude Meisch
Betreff : School-Leaks

Mier wëllen, datt folgend Detailer an dëser Affär berücksichtegt
ginn :

1. Dass d'Testfroen ze fréi raus waren, net confidentiel behandelt goufen, an datt de Ministère net scho méi fréi aktiv ginn ass, si Feeler, déi sech déi Responsabel virzewerfen hunn an aus deenen jo och Konsequenzen gezunn goufen. De Staat geet lo awer weider géint Leit vir, déi Feeler am System opgedeckt hunn. Amplaz also selwer als moralesch Instanz ze agéieren, sicht de Staat e Wee fir déi ze bestrofen, déi moralesch richteg gehandelt hunn ;

2. Et gëtt zu Lëtzebuerg kee Gesetz dat Whistleblower(*1) am Staatsdéngscht schützt. Och wann Leit erwisenermoossen net am eegenem Profit oder Notzen gehandelt hunn, mee sech am
Géigendeel engem Risk aussetzen fir Mëssstänn opzedecken, gëtt hinnen dat als Feeler ugehaangen ;

3. Et gëtt net just juristesch géint des Whistleblowerinnen virgaangen. Et ginn lo och déi berufflech Kompetenzen vun deenen Persounen a Fro gestallt, Verleumdungen a Rufmord fënnt statt, an et gëtt villes versicht, fir déi Persounen kléng ze kréien. Et schéngt, wéi wann zwee Mënschen, déi Ongerechtegkeeten verhënnere wollten, lo als Sündenböcke duerhalen mussen, fir dass d'Ëffentlechkeet Schëlleger geliwwert kritt ;

4. Et sinn keng „Examensfroen“, déi an Emlaaf komm sinn, mee „épreuves communes“ ;

5. Dës „épreuves communes“ zielen just zu engem Fënneftel ;

6. Nieft deenen Epreuven ginn och nach „résultats scolaires de [l’] enfant consignés dans les bilans intermédiaires et le bilan de fin de cycle“(*2) gekuckt an den perséinlechen Avis vun den Elteren an engem Psycholog ginn consideréiert ;

7. D’„épreuves communes“ goufen beim Verdeelen net confidentiel behandelt, sou wéi dat bei den Premièresexamen
den Fall ass, obwuel si vum Ministère den Wäert vun engem zukunftsentscheedenden Examen zougesprach kréien ;

8. D’„épreuves communes“ waren net ënner Verschloss, fir virun Mëssbrauch geschützt ze ginn (dofir hätt et keen „Panzer“(*3) gebraucht mee einfach en Schaf mat Schlëssel) ;

9. Zënter Joren gëtt et an ville Schoulen de Mëssstand, datt Testfroen, souwéi Äntwerten scho virun den „épreuves communes“ am Ëmlaf sinn, a verschiddene Leit, déi Zougang zu dësen Dokumenter hunn, profitéieren, wat systematesch zu „abus de pouvoir“ gefouert huet. (voir Tageblatt Artikel : „Das machen doch alle so !“) D'Verëffentlechung vun den Dokumenter an déi sou entstanen Affär „School-Leaks“ konnt des Mëssstänn
opdecken an huet och wesentlech Ännerungen ugestouss ;

10. Obwuel et schonn virdrunner an grad och lo wéinst dëser Affär eng Rei Hiweiser, ëffentlech Aussoen an Indizien dofir gëtt, dass schonn iwwer Joeren sech Leit schëlleg gemaach hunn, ginn des Virgäng lo net ënnersicht, mee Persounen, déi dofir
gesuergt hunn, dass des Faiten public gemaach ginn sinn.

Et kann een lo am Nachhinein diskutéieren, wéi ee Wee de beschten gewiescht wier, fir d'Problemer am System opzedecken. Wéi handelt een, wann kloer ass, datt e Mëssstand intern bekannt ass, awer net ugaange gëtt? Mee hei geet et lo
ëm d'Fro, wéi mat deenen Mënschen ëmgaangen gëtt, déi näischt Aneschtes wollten, wéi datt mat der Ongerechtegkeet Schluss ass an déi ënner Zäitdrock virun der Entscheedung stoungen, aktiv ze ginn oder de Kapp an de Sand ze
stiechen.

Mir sinn net averstanen mat der momentaner Virgoensweis vum Ministère, net averstanen mat enger Rei vun Duerstellungen an der Press an net averstanen, mat deem, wat elo mat den Whistleblowerinne geschitt.

Den Ëmgang mat dëser Affär ass een Zeechen. Entweder een Zeechen dofir, datt een mat Courage géint Mëssstänn virgoe kann oder et ass een Zeechen dofir, datt mer op eng Gesellschaft histeieren, an der jiddfereen de Bak hält a bei Mëssstänn fortkuckt, fir sech net selwer a Gefor ze bréngen. Dem Ministère geet et an dësem Fall net em Bildung oder Gerechtegkeet, mee em d’Reduktioun vun engem egene Problem duerch d’Hexejuegd op zwee Leit.

Hëlleft eis, des zwee
couragéiert Mënschen z’ënnerstëtzen an dem Ministère kloer ze maachen, datt e Mënsch net nëmmen isoléiert un engem
Moment vu sengem Handelen gemooss däerf ginn.


When exposing a crime is treated as committing a crime, you are ruled by criminals. (Anonymous)

1 En Whistleblower ass eng Persoun, déi allgemeng wichteg Informatiounen aus engem geheimen oder geschützten Zesummenhang ëffentlech mecht. Dat sinn an den meeschten Fäll Mëssstänn, Verbriechen oder allgemeng Geforen, déi den
Whistleblower op senger Aarbechtsplaz oder an engem aneren Zesummenhang matgedeelt krut. Et betrëfft meeschtens Virgäng an der Politik oder an Behörden.

2 men.public.lu

3 Zitat: Claude Meisch, Educatiounsminister





Gepostet (Aktualisiert )
Als unangemessen melden
Es gab einen Fehler beim Senden deiner Dateien und/oder Reports