Aktualisieren Sie Ihre  Cookie-Einstellungen .
Klicken Sie 'Alle zulassen' oder aktivieren Sie die  'Targeting-Cookies'
Indem Sie weiterfahren, akzeptieren Sie die Datenschutzrichtlinien von Avaaz. Diese erläutern, wie Ihre Daten gesichert und genutzt werden können.
Verstanden
Wir verwenden Cookies, um zu analysieren, wie Besucher diese Website nutzen und um Ihnen die bestmögliche Benutzererfahrung zu bieten. Hier finden Sie unsere Cookie-Richtlinie .
OK
Keng Aarbecht ouni Bezuelung! Fir eng besser Bezuelung vun Stagiair*innen!

Keng Aarbecht ouni Bezuelung! Fir eng besser Bezuelung vun Stagiair*innen!

1 haben unterzeichnet. Erreichen wir
50 Unterschriften

Schließen Sie Ihre Unterschrift ab

,
Avaaz.org schützt Ihre persönlichen Daten und wird Sie über diese und ähnliche Kampagnen auf dem Laufenden halten.
Diese Petition wurde von UNEL U. erstellt und repräsentiert nicht unbedingt die Ansichten der Avaaz-Gemeinschaft.
UNEL U.
hat diese Petition erstellt, an folgende Zielperson/Zielgruppe:
Monsieur Nicolas Schmit, Ministre du Travail
Keng Aarbecht ouni Bezuelung&excl

Fir eng besser Bezuelung vun Stagiair*innen&excl

Déi aktuell Regierung huet hiert Mandat mat Aschränkungen fir déi Jonk ugetrueden an wäert mat enger weiderer ophalen.
Säit 2007 gesinn mer eng alarméierend Entwécklung, an där et schéngt wéi wann d'Aarbechtsministeren parteiiwwergräifend keen Problem domadder hunn, prekär Aarbechtsverhältnisser fir Jonker ze legaliséieren. Deemools gouf géint den Gesetzestext 5611 gestreikt, deen als Konsequenz schlecht bezuelten Volontariater wéi och den "Contrat d'insertion à l'emploi" hat. Mat den Kierzungen vum Cedies gouf dunn 2014 den Budget vun den Studéierenden weider verréngert. D'Jugendgarantie, eng eigentlech begréissenswäert Mesure, gëtt genotzt fir d'Statistik vun der Jugendaarbechtslosegkeet ze verschéineren, andeems déi Jonk an ënnerbezuelt Mesuren gestach ginn. D’Stagegesetz ass elo also den nächsten Schrëtt.Dobäi hat dës Koalitioun dach genau den Contraire versprach, an zwar eng jonk an progressiv Politik. D'UNEL huet Schwieregkeeten ze gesinn, wei d'Kierzen vun den Boursen souwéi d'gesetzlech festhalen vun onbezuelten oder schlecht bezuelten Stageplazen als progressiv oder als jonk Politik kënnen bezeechent ginn.

Den Aarbechtsminister Nicolas Schmit huet an Zesummenaarbecht mat der ACEL een Gesetzestext ausgeschafft deen Stagen soll reglementéieren. Mir begréissen des Initiative. Et ass gutt a richteg, dass endlech e gesetzlechen Kader fir Stagen festgeluecht gëtt. Bis elo war d'Gesetzeslag zimlech vague, wat Prekaritéit vun der Jugend erméiglecht huet, ënner anerem well et och onkloer war op een Stage misst bezuelt ginn oder net. Virun allem awer huet dëst dozou gefouert, dass et an verschiddenen Beräicher vill gutt bezuelten Stageplazen gouf, an an aneren esou gutt wéi keng. Mat engem neien, iwwergräifenden Gesetz hätt een des Situatioun verbesseren an Ongerechtegkeeten ausgläichen kënnen.

Di aktuell Gesetzespropose awer mécht dat net. Si erméiglecht weder dës Ongerechtegkeeten auszegläichen, nach schützt si di Jonk konsequent virun Ausnotzung.
Villméi gesäit den Accord zweschent der ACEL an dem Aarbechtsministère fir, datt Stagen am Kader vum Studium oder der Schoul (egal wei laang se sinn), wei och Stagen vun manner wéi engem Mount net bezuelt ginn. Stagiair*innen déi am Kader vum "Stage pratique" fir 1 bis 3 Méint schaffen kréien 1/3 vum net qualifizéierten Mindestloun an déi déi manner wéi 6 Méint schaffen d'Halschent vum net qualifizéierten Mindestloun&excl

Et ass nëmmen d'Halschent vun der Wourecht, ze behaapten, dass den Stage just am perséinlechen Interêt vun de Studéierend wier&excl Och d'Betriber profitéieren längerfristeg vun der Beruffserfarung di Stagiair*innen wärend dem Stage sammelen. An och kuerzfristeg gesinn, kënnen Stagen duerchaus profitabel fir d'Betriber sinn, well Stagiair*innen och Aarbecht leeschten. Deementspriechend ass et nëmmen richteg an gerecht, dass Stagen bezuelt ginn&excl Mat dësem Gesetzesvirschlag awer profitéieren just d'Betriber. Amplaz een CDD oder CDI nom Studium ze kréien, riskéiert een als éischt emol fir 6 Méint als Stagiaire fir een Mindestloun agestallt. Nëmmen fir duerno een CDD ze kréien mat enger Période d’Essai vun weideren 6 Méint. Wärend engem Joer kann een also zu all Moment erausgeworf ginn an et muss een fir een Brochdeel vum Mindestloun schaffen&excl
Dëst Gesetz féiert zu méi Onsécherheet an Prekaritéit wärend an no dem Studium. Stagiairen sinn keng bëlleg Aarbechtskraaft&excl

Eis Aarbecht ass méi wäert&excl Keng Aarbechtsleeschtung ouni Bezuelung&excl Eng Remuneratioun bedeit net manner Chancen ob Stageplazen&excl

Mir fuerderen dowéinst&colon
&dash Remuneratioun fir all Stagen, ob am Kader vum Studium oder op fräiwëlleger Basis, gestaffelt no Universitéitsgrad.
&dash Erhéijung vun den Léin zu ½ qualifizéierten Mindestloun fir Stagen vun 1&dash3 Méint an 2/3 fir Stagen vun 4&dash6 Méint wann een schonn een Bachelor&dashStudium gemaach huet
&dash Keng Periode d’Essai wann een nom Stage sollt eng fest Aarbechtsplaz ugebueden kréien.
&dash D'Kloerstellen, dass Stagen och eng Form vun Aarbecht sinn an dofir bezuelt mussen ginn.


D'UNEL zesummen mat Richtung22 fuerderen aus dësen Grënn den Ministère op den Gesetzestext ze iwwerschaffen.


Gepostet (Aktualisiert )
Als unangemessen melden
Es gab einen Fehler beim Senden deiner Dateien und/oder Reports